GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
1 Dernier Sol, Luxembourg, Luxembourg
Description
Den Enneagramm adresséiert sech u Leit, déi verstoe wëllen, wéi si selwer funktionéieren, an Alldagssituatiounen oder an hirer Interaktioun mat Famill a Frënn. Dëse System fir d’Etüd vun der Perséinlechkeet proposéiert neng Profiller mat jeeweils spezifesche Charakteristiken a Motivatiounen. Dësen Tool fënnt Uwendung a ville Beräicher, ënner anerem an der Psychologie, am Coaching oder an der perséinlecher Entwécklung.
Den Enneagramn hëlleft Iech, Är Motivatiounen an Ängscht ze erkennen an ze verstoen, wéi dës Äre Gedankeprozess, Är Emotiounen, Är Kommunikatioun an Äert Verhale beaflossen. De Workshop gëtt vum Geneviéve Muller, Liewenscoach a Formatrice, geleet.
Autres évènements
01
Juin2026
Cours
RV Sport60+ (01/06)
03
Juin2026
Workshop
Senior Drivers Day 2026