Hero background

Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert – als PDF disponibel Julie Muller-Barthélemy

Ico arrow

D’Julie Muller-Barthélemy ass 1921 zu Miersch gebuer, nodeems hir Elteren aus Amerika zeréck op Lëtzebuerg komm waren. Och Episoden iwwer d’Liewe vu Lëtzebuerger Auswanderer an Amerika, déi d’Julie vun hiren Elteren erzielt krut, ginn am Buch beschriwwen. Haaptsächlech geet et awer ëm hir eege Kandheet, d’Ëmsiedlung am Krich, de Café op der Barrière an den Hotel Barthélemy, déi hir Elteren a spéider si selwer zu Miersch gefouert hunn. Och iwwer hiert politescht an éierenamtlecht Engagement schwätzt déi fréier Nationalpresidentin vun der Amiperas.

Dës Erënnerungen, déi iwwert e ganzt Jorhonnert reechen, sinn natierlech mat ville Fotoen aus hirem Privatalbum illustréiert.

Well dëst beléift Buch als Print-Versioun vergraff ass, kann et am GERO-Shop als PDF erofgeluede ginn. Dir kënnt et dann um Ecran liesen oder erausdrécken, entweeder ganz oder säiteweis. D’Schrëftgréiss kann um Ecran ugepasst ginn an och d’Biller kann ee schéi grouss kucken.

D’Buch ass op Lëtzebuergesch geschriwwen. De Präis vun der PDF-Versioun ass 3€ fir d’Titulairë vun der Kaart60+, oder 5€ ouni Kaart.

Envie d’être prévenus de nos dernières nouveautés ?

Les newsletters geroAKTIV et geroPRO sont publiées chaque mois. Elles sont envoyées automatiquement après que vous ayez saisi votre adresse électronique dans le champ indiqué.