Hero background

Nei: Elo och fir ze lauschteren! EIS FOFZEGER JOREN

Ico arrow

Nom Succès vun eiser Buch-Serie iwwer d’Fifties zu Lëtzebuerg hu mir e groussen Deel vun den Texter als Audioversioun opgeholl, fir dës flott Geschichten nach méi Persounen zougänglech ze maachen. 84 Texter – op Lëtzebuergesch oder Däitsch – mat ronn fënnef Stonne Spilldauer. Weider Detailer fannt Dir hei hannendrun an do gëtt et och en Text fir ze lauschteren.

D’Fofzeger Jore waren eng Zäit vu grousse Verännerungen, op gesellschaftlechem an technologeschem Plang. A perséinlechen Erënnerungen – mol lëschteg, mol besënnlech – ginn d’Liewen doheem, de Schoul- a Beruffsalldag, gesellschaftlech Verännerungen, Episoden aus der Fräizäit a Villes méi nees opliewe gelooss. Wat d’Bicher besonnesch lieweg mécht, sinn déi vill Illustratiounen a Fotoen, dacks aus Familljekollektiounen, déi d’Texter begleeden.

D’Bicher an och dës nei Audioversioun goufen zesummegestallt vum GERO-Biographiegrupp, engem Grupp vu Benevollen, déi Freed um Schreiwen a Recherchéieren hunn an hir eegen Erënnerungen, awer och déi vun anere Persounen, nidderschreiwen. Gelies hunn d’Mariette Leuck, d’Simone Rosen-Bonenberger, d’Marie-Louise Wallers-Rykal an de Claude Hallé, deen d’Opnamen och technesch verschafft huet. Wann och Dir eng kreativ a sënnvoll Beschäftegung sicht a gär schreift an/oder erzielt, informéiere mir Iech gär am Detail iwwer d’Benevolatsméiglechkeeten an dësem Beräich.

 

Lauschtert emol eranMeng éischt Jeans (Dir fannt den Link bei erofscrollen, ënnert „DOKUMENTE“)

geschriwwe vum Antoinette Poeckes-Krantz

gelies vum Marie-Louise Wallers-Rykal

 

Bestellung vun der CD:

per Telfon: 36 04 78 – 1 oder per Mail:  info@gero.lu

oder an eisem ONLINE-SHOP

Dokument(e)

  • Meng éischt Jeans (AUDIO-Datei)

Möchten Sie informiert bleiben?

Monatlich erscheinen unsere Newsletter geroAKTIV und geroPRO. Eine automatische Zusendung erfolgt nach Eingabe Ihrer E-Mail Adresse.