GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
1 Dernier Sol, Luxembourg, Luxembourg
Description
Wikipedia, déi online Enzyklopedie, gëtt et zanter Januar 2001. Si ass fir jidderee fräi zougänglech, gratis, et brauch een sech net unzemellen fir se ze notzen an et gëtt keng Reklammen. Wikipedia gëtt et aktuell an 318 Sproochen mat insgesamt ronn 60 Milliounen Artikelen. Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch, besteet zanter Juli 2004, mat ëm déi 62 000 Artikelen. Um Ufank vu Wikipedia stoung d’Visioun vum Jimmy Wales: „Stell der eng Welt vir, an där all eenzel Persoun op dem Planéit fräien Zougank huet op d’Zomm vun allem mënschleche Wëssen.”
An Zesummenarbecht mat der Wikimedia Lëtzebuerg asbl ginn an dësem Virtrag dës Froe behandelt:
Wat ass Wikipedia a wéi funktionéiert et?
Wien däerf eppes op Wikipedia schreiwen a wie kontrolléiert a verbessert all déi Artikelen?
Wat ass Wikimedia, Wikidata, Wikimedia-Commons, asw?
Unhand vun engem prakteschem Beispill gëtt gewisen, wéi en Artikel fir Wikipedia geschriwwen a publizéiert ka ginn.
Autres évènements
12
Mai2025
Workshop
Nationalbibliothek entdecken
14
Mai2025
Workshop
Discussion de groupe: Prendre du temps pour soi à la retraite, est-ce possible?